Dout op der Aarbechtsplaz: ITM hat a konkretem Fall keng Meldung vu Mobbing kritt

Virun zwou Wochen soll sech eng 47 Joer al Fra aus der Belsch op hirer Aarbechtsplaz hei am Land d'Liewe geholl hunn. An de soziale Medien zirkuléieren zanterhier Rumeuren, dass si Affer vu Mobbing op der Aarbechtsplaz gewiescht wier an dëst mam Suizid kéint zesummenhänken.

Den Aarbechtsminister Marc Spautz kann dës Reprochë weder confirméieren nach dementéieren. "An dësem konkrete Fall läit näischt bei der ITM vir", ënnersträicht hien op RTL-Nofro. D'Inspection du travail et des mines (ITM) ass ënner anerem dofir zoustänneg, d'Anhale vum Aarbechtsrecht ze kontrolléieren. Och Reklamatioune wéinst Mobbing op der Aarbechtsplaz kënnen hei agereecht ginn.

Onofhängeg vum tragesche Fall, gëtt de gesetzleche Kader géint Mobbing awer och aktuell evaluéiert. Eng Evaluatioun, déi schonn 2023 beim Vott vum Gesetz virgesi gouf. "Mir hunn als Ministère du Travail de LISER chargéiert, dat ass de Luxembourg Institute of Socioeconomical Research, fir déi Evaluatioun ze maachen", erkläert de Marc Spautz.

OGBL fuerdert onofhängeg Enquêten a méi Schutz fir d'Affer

Den OGBL hat e Mëttwoch de Moien an engem Communiqué kritiséiert, dass intern Enquêten an de Betriber dacks net onofhängeg genuch wieren an dass heiansdo net de presuméierten Täter, mee d'Affer versat géif ginn. De Minister seet, dës Kritik vum OGBL scho kannt ze hunn an eescht ze huelen. Hie wier bereet, wann néideg, um Gesetz nozebesseren. D’Evaluatioun soll bis Mëtt d’nächst Joer ofgeschloss sinn.

Hei fannt Dir de Communiqué vum OGBL.

Schonn elo sinn d'Betriber awer gesetzlech verflicht, géint Mobbing a Belästegung virzegoen an déi néideg Preventiouns- a Schutzmoossnamen ze ergräifen. Wéi eng konkret Mesuren néideg wieren, géing vum jeeweilege Fall ofhänken. "Mee et ass och kloer, dass eppes muss geschéien. Do sti jo och finanziell Strofe fir d'Betriber drop, wann si deem net géifen nokommen", betount de Marc Spautz.

Verschidden Ulafstelle fir Betraffener

Wie vu Mobbing op der Aarbechtsplaz betraff ass, huet verschidde Méiglechkeeten, fir Hëllef ze kréien. Eng éischt Ulafstell ass normalerweis d'Personaldelegatioun, wann et an dem Betrib eng gëtt. Betraffener kënne sech awer och direkt un d'ITM riichten oder sech bei Associatioune wéi der Mobbing asbl berode loossen. "Et ass wichteg, dass een net einfach d'Fauscht an der Täsch mécht, mee dass een sech un déi zoustänneg Stelle riicht", seet de Minister. Verschidde Betraffener géifen och Plainte beim Parquet oder bei der Police maachen, well si d'Vertrauen an déi zoustänneg Ulafstelle verluer hätten.

D'Gesetz géint Mobbing géif sécherlech dozou bäidroen, datt Fäll vu Mobbing op der Aarbechtsplaz reduzéiert ginn, mengt de Marc Spautz. Ganz verhënnere kéint een esou Fäll awer ni, och net mat engem Gesetz.

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu

内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab