Tëscht Hiefenech a Guedber: Kéier net kritt a géint e Bam gerannt
Am Laf vum Mëttwochnomëtteg ass et tëscht Hiefenech a Guedber zu engem Accident komm. De Chauffer gouf zum Gléck net schwéier blesséiert.
Verëffentlecht: 18.11.26 16:47, Update: 18.11.26 17:02

Géint 15:15 Auer ass et e Mëttwoch am Nomëtteg tëscht Hiefenech a Guedber zu engem Accident komm. An enger Lénkskéier hat e Chauffer d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war dono an e Bam gerannt. Duerch de staarken Opprall ass den Auto uschléissend op der anerer Stroossesäit un d'Hale komm.
Éischten Informatioune vun der Plaz no ass de Chauffer, trotz dem heftegen Opprall, net schwéier blesséiert ginn. Fir d'Opraumaarbechten hat eng Spuer musse gespaart ginn, am Asaz waren d'Rettungsdéngschter vu Jonglënster.

Domingos Oliveira

Domingos Oliveira

Domingos Oliveira
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Géint 12:25 Auer sinn op der Route de Longwy zu Märel zwee Autoen aneneegerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.
Um 13:55 Auer koum et op der CR152 tëscht Munneref a Biermereng zu enger weiderer Kollisioun tëscht zwee Autoen. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗