Large-Scale-Testing: Chamber kritiséiert Defiziter bei Budgetskontroll a Marchés publics

Dat gouf an der Orientéierungsdebatt iwwert de Rapport vum Rechnungshaff zum Large-Scale-Testing direkt e puer mol ënnerstrach. De Rapport weist eng ganz Partie Defiziter bei der finanzieller Gestioun, dem Budget, der Vergab vu Marché-publicen an der parlamentarescher Kontroll op.

Besonnesch bei der éischter Phas vum Large-Scale-Testing goufen net all finanziell Engagementer am Gesamtbudget berécksiichtegt. Nieft dem vum Regierungsrot autoriséierte Budget vun 39,5 Milliounen Euro koum eng zousätzlech Commande vu PCR-Kitte vun 3,66 Milliounen Euro dobäi, soudatt déi tatsächlech finanziell Engagementer bei 43,16 Milliounen Euro louchen. Domat wier e speziellt Finanzéierungsgesetz néideg gewiescht. Och bei der zweeter an drëtter Phas huet d'Chamber net all déi néideg finanziell Informatioune kritt, fir hir Kontrollfunktioun vollstänneg auszeüben.

Net all Käschten a Recetten transparent erfaasst

De Rechnungshaff huet donieft festgestallt, datt d'Schlussdekonten net all déi tatsächlech Käschten a Recetten erfaasst hunn. Verschidden Ausgaben, notamment fir Testmaterial, Expertisekäschten a serologesch Analysë goufen net komplett berécksiichtegt. Och ronn 1,4 Milliounen Euro Recetten aus dem Verkaf vu Material goufen net an der Ofrechnung erfaasst. Da gouf och festgestallt, datt de Luxembourg Institute of Health, kuerz LIH, ronn 2,3 Milliounen Euro méi kritt hat, wéi fir de Projet gebraucht goufen. Dës Mëttel goufen net zréckbezuelt, mee fir en anere Fuerschungsprojet agesat. Zousätzlech goufen Defiziter an der Iwwerpréiwung vu variabele Käschte festgestallt. Obwuel d'Kontroll net ofgeschloss gouf, sinn och déi zréckbehalen 20 Prozent ausbezuelt ginn.

D'Co-Rapportrice Stephanie Weydert vun der CSV huet an deem Kontext ënnerstrach, datt all finanziell Engagementer vun engem Projet komplett an engem Gesamtbudget erfaasst musse ginn. D'Chamber misst zu all Moment iwwer déi néideg Informatioune verfügen, fir hir parlamentaresch Kontroll effektiv kënnen auszeüben. Donieft misst all direkt an indirekt Käschte systematesch dokumentéiert ginn an déi budgetär Mëttel konsequent fir hir ursprénglech Bestëmmung agesat ginn.

Wat d'Kontrakter ugeet, huet de Rechnungshaff kritiséiert, datt festgeluechten Delaien a Leeschtungsindikatoren (KPIen) net ëmmer respektéiert goufen. D’Co-Rapportrice Sam Tanson vun déi Gréng huet betount, datt obwuel verschidde Leeschtungsziler net erreecht goufen, d'Sanktiounen deelweis däitlech reduzéiert goufen. An der zweeter Phas goufe beispillsweis virgesi Penalitéite vun 2 Milliounen Euro op ronn 266.000 Euro erofgesat.

Monopol fir Laboratoires Réunis

Och bei de Marchés publics huet de Rechnungshaff eng Rei Mängel festgestallt. D’Co-Rapportrice Sam Tanson vun déi Gréng huet betount, datt an der éischter Phasen net genuch dokumentéiert gouf, firwat de Marché ouni Publikatioun vergi gouf an ob eng objektiv Analys vun de méigleche Fournisseure gemaach gouf. An der zweeter Phas koum trotz europäescher Ausschreiwung nëmmen eng Offer vun de Laboratoires Réunis eran. Doduerch haten dës duerch hir Infrastruktur an hir Erfarung aus der éischter Phas eng quasi privilegiéiert Positioun, wat eng reell Konkurrenz praktesch onméiglech gemaach huet. An de Verhandlunge goufen hinnen zousätzlech 26,9 Milliounen Euro u Fixkäschte garantéiert, wouduerch en Deel vum finanzielle Risiko op de Staat iwwerdroe gouf.

Chamber net genuch informéiert

 E weidere Punkt, deen thematiséiert gouf, war d’Relatioun tëscht der Regierung an der Chamber am Kader vum Large-Scale-Testing-Projet. D'Fiche financière fir déi zweet Phas gouf trotz hirer Existenz net mam Gesetzesprojet deposéiert. Och bei der Informatioun iwwer d'Resultater vun de fréiere Phase krut d'Chamber net all déi néideg Donnéeën. Donieft hätt och d'Zesummenaarbecht mam Rechnungshaff net ëmmer korrekt fonctionéiert, well Dokumenter ze spéit, net strukturéiert oder onvollstänneg geliwwert goufen.,

Fir zukünfteg Krise missten d'Marchés-public-Prozedure besser virbereet, Kontrakter méi kloer formuléiert, Sanktioune konsequent applizéiert an all Käschten am Gesamtbudget erfaasst ginn, hu béid Co-Rapportricë betount. Virun allem misst d'Chamber zu all Moment transparent a komplett informéiert ginn, fir hir parlamentaresch Kontroll effektiv ausüben ze kennen.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab