Lët'z Arles: De Luxembourg Photography Award 2027 geet un den Armand Quetsch

Als Gewënner vum Luxembourg Photography Award 2027 wäert den Armand Quetsch d'nächst Joer vum 5. Juli bis den 3. Oktober um bekannte Fotofestival "Les Rencontres d'Arles" ausstellen an dat an der Chapelle de la Charité.
Bei sengem Projet wäerten him d'Fotografie-Historiken Luce Lebart an déi onofhängeg Curatrice Danielle Igniti assistéieren.

De Fotograf Armand Quetsch ass 1980 gebuer a lieft a schafft hei zu Lëtzebuerg. No senger Ausbildung an der École supérieure de l’image Le 75 zu Bréissel huet hien, mat Auszeechnung, seng Studien un der École nationale supérieure de la photographie zu Arles ofgeschloss.
A sengem kënschtleresche Schafe setzt hie sech mat der Zerbriechlechkeet vum Siichtbaren a mat der Relatioun tëscht Bild a Realitéit auserneen an hannerfreet, wéi deen individuelle Bléck zu der Konstruktioun vun der Bedeitung vun engem Bild bäidréit.

A sengem Projet fir Arles widmet hie seng Opmierksamkeet virun allem der Luucht, de Faarfnuancen an der Materialitéit vun der Landschaft.

Armand Quetsch

Armand Quetsch

Luxembourg Photography Award 2027Armand Quetsch

The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab