Bananne-Produktioun am Guatemala: Toxesch Bananne vu Chiquita

Bananne sinn dat Uebst, wat an der EU am meeschte giess gëtt. Eleng 2024 koume bal sechs Milliarde Kilo Banannen op den EU-Marché. Se sinn och a vill Lëtzebuerger Stéit net méi fortzedenken. Mee ze seelen, gëtt d'Fro gestallt, ënnert wéi enge Konditiounen dës Fruucht bei eis um Dësch ukënnt. Déi Schwäizer ONG Public Eye huet op Plantagen am Guatemala recherchéiert. An do gëtt eng Datz fir ee vun de weltwäit gréisste Bananne-Produzente Chiquita. Virop steet de Reproche vun Ausbeutung am Raum, erkläert de Robert Bachmann, dee mat engem Team fir zwou Wochen a Südamerika war fir eng Recherche.

Asaz vun engem Pestizid, deen zanter 6 Joer an der EU verbueden ass
Op de Plantagë gëtt bal iwwerall déi selwecht Zort Banann ugebaut, d’Cavendish. Esou eng Monokultur ass besonnesch ufälleg fir Krankheeten. Deementspriechend ginn extrem vill Pestiziden agesat.
"Und zwar wird ein hochgiftiges Pestizid namens Mancozeb versprüht, über den Köpfen der Arbeiter auf den Plantagen, ohne dass sie ausreichende Schutzmaßnahmen hätten. Mancozeb ist so giftig, dass es in Europa verboten ist."

Klima vun der Angscht
Fir sech géint esou Konditiounen ze wieren, bräichten d'Aarbechter eng Gewerkschaft, déi et awer bal net gëtt.
"Dort herrscht ein Klima der Unterdrückung der Gewerkschaftsfreiheit. Es gibt im Süden von Guatemala, wo der Großteil der Produktion für Chiquita stattfindet, kaum Gewerkschaften, die dafür sorgen könnten, dass die Rechte der Arbeiterinnen und Arbeiter eingehalten werden".
Och d’Fondation Partage hei zu Lëtzebuerg huet bei hire Partner a Guatemala nogefrot. Hir Kontakter hätten d'Problemer kannt, seet d’Denise Richard vun der Fondatioun. Aus Angscht hätte si sech awer net weider dozou äussere wëllen.

Iwwer 50 Froen u Chiquita bleiwen onbeäntwert
Public Eye fuerdert vu Chiquita, dass d'Zouliwwerer de Mindestloun bezuelen, dass si mat de Pestizid-Flich waarden, bis d'Leit vun de Plantagen erof sinn an dass d'Aarbechter sech fräi organiséiere kënnen. Wat seet Chiquita zu de Virwërf?
"Wir haben die ganze Reportage über nie etwas von Chiquita gehört. Wir haben keine Antwort auf über 50 Fragen erhalten, die wir geschickt hatten. Auch andere Medien in der Schweiz und international haben nie eine Reaktion erhalten. Wir waren allerdings Ende September vor Ort in der Schweiz, am Hauptsitz von Chiquita, protestiert und haben unsere 28.000 Unterschriften, die wir gesammelt hatten, überreicht. Wir haben sie dem globalen Nachhaltigkeitsdirektor von Chiquita überreicht, und wir sind jetzt dran, dafür zu sorgen, dass Chiquita wirklich Einfluss nimmt auf die Zulieferbetriebe, damit sich dort die Zustände bessern."
"Aber ein Versprechen seitens Chiquita gibt es da also noch nicht?"
"Das haben wir so noch nicht gehört. Nein."

Och d’Supermarchéë sollen hir Verantwortung iwwerhuelen
Hei zu Lëtzebuerg fuerdert d'Initiative pour un devoir de vigilance, dass Chiquita och fir d'Aarbechtsbedéngunge bei hiren Zouliwwerer Verantwortung iwwerhuelen. De Jean-Louis Zeien:
"De Consommateur huet natierlech de Choix. Op där enger Säit kanns de deng Aen zoumaache virun de Realitéiten, an op där anerer Säit kanns de higoen an eeben och e Produkt kafen, wat eeben dofir suergt, datt d'Mënscherechter respektéiert ginn, datt fair Präisser bezuelt ginn. Mee ech wëll awer net alles op dem Konsument seng Schëllere leeën. Nee, dat wier ze vill einfach. Och d'Grande Distributioun huet eng Responsabilitéit. Wann d'Grande Distributioun weess, dass et Problemer ginn, da kann et net sinn, datt si hir Aen zoumaachen."
D'Initiativ fuerdert dofir, dass d'Entreprisë bei hire Fournisseuren nokucken, ob d'Mënscherechter agehale ginn, an agräifen, wa si Verstéiss feststellen. Wéi verbindlech déi Flicht hei am Land gëtt, ass eng Fro, déi sech nächst Joer bei der Ëmsetzung vun der europäescher Direktiv iwwer den Devoir de vigilance stellt. Do wier d'Politik gefuerdert:
"Wéi wäit dass do Lëtzebuerg, bereet ass de Wee matzegoen, fir Acteuren ze responsabiliséieren. An alle Secteuren, a besonnesch an deenen Risiko-Secteure", sou nach de Jean-Louis Zeien.
Jean-Louis Zeien, Initiative pour un devoir de vigilance
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗