No schlechter PISA-Etüd : LSAP a Gréng fuerdere gratis Nohëllef am Secondaire, Meisch stellt just Upassungen an Ausiicht

An engem Debat iwwert d'schlecht Resultater vun de Lëtzebuerger Schüler beim leschte Pisa-Test vun 2025 hunn d'LSAP Deputéiert Francine Closener an déi Gréng Deputéiert Djuna Bernard d'gratis qualifizéiert Nohëllef fir de Secondaire gefuerdert. Aus der PISA Etude vun 2025 geet nämlech ervir, datt defavoriséiert Jugendlecher an de Wëssenschaften 130 Punkte manner haten ewéi sozial Favoriséierter, wat engem Ënnerscheed vu 7 Schouljoer géing entspriechen.
Den Educatiounsminister huet eng gratis Nohëllef am Secondaire indirect verworf, mee am Zesummenhang mat der geplangter Reform vun den ënneschten Zykle vum Secondaire Général "ganz zäitno" Upassungen ugekënnegt, dorënner a Punkto Nohëllef, mee och Orientatioun. De Claude Meisch huet drop higewisen, datt et scho vill Forme vun "Appui" gëtt, notamment an de Maisons Relaisen, mee den Appui pédagogique, wou en Enseignant 90 Minutte pro Woch mat sengen oder anere Schüler ka maachen.
Social Media a Méisproochegkeet
De Claude Meisch ass dobäi bliwwen, datt d'Sozial Medien oder Smartphones an Tablets dozou gefouert hunn, datt Schüler manner gutt kënne liesen. De Beweis: d'Resultater sinn an allen OECD-Länner erofgaangen, och wann ënnerschiddlech Schoulpolitik gefouert gëtt.
Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup dann huet d'Relevanz vun der PISA Etude deelweis a Fro gestallt. Se géing zwar weisen op et "erop op erof" geet, mee der Méisproochegkeet vum Land net Rechnung droen. Hien huet d'Regierung opgeruff bei der OECD ze froen dat bei nächste Pisa-Tester ze maachen. D'Motioun vun der ADR gouf verworf.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗