Concert an der Rockhal: D’Heidi Klum zesumme mat Tokio Hotel zu Lëtzebuerg
Op hirer Instagram-Story huet d'Heidi Klum e Mëttwoch de Moien e puer Ablécker geliwwert an do gesäit een, wéi si um Wee op Lëtzebuerg ass. Zesumme mat hirem Mupp souz d'Topmodel am Privatfliger, deen aus der bayrescher Haaptstad München a Richtung Grand-Duché geflunn ass. An der Mëttesstonn ass de Fliger um Findel gelant.

Heidi Klum

Heidi Klum

Heidi Klum

Heidi Klum / Instagram

Heidi Klum

Heidi Klum
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Zu München haten Tokio Hotel e Méindeg e Concert am Kader vun hirer "Arena Tour 2026“. U Bord natierlech och de passende Menü, e Bréitche mat "Leberkäse" a Moschtert vum Traditiounshaus Dallmayr.
Tokio Hotel ware schonn e puer Mol zu Lëtzebuerg
Fir Tokio Hotel ass et net deen éischten Optrëtt am Grand-Duché. Schonn 2006, 2008, 2010, 2012 an 2017 war déi däitsch Band zu Lëtzebuerg. Am Laf vun hirer Karriär huet d'Band Héichten an Déiften erlieft, an och de Succès bei de Fans war net ëmmer dee selwechten.
Tokio Hotel zu Lëtzebuerg (23.2.2010)4000 Fans waren um Concert an der Rockhal
Déi 4 Jongen aus Däitschland hunn den Méindegowend ëm déi 4000 Fans glécklech gemaach. Zum Optakt vun hirer neier Tour, hunn si an der Rockhal hiren neien Album presentéiert.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Besonnesch grouss war den Undrang am Joer 2010. Deemools hate Fans net manner wéi fënnef Nuechte virun der Rockhal campéiert, fir sech déi bescht Plaze beim Concert ze sécheren. Well dat Ganzt matten am Wanter war, war esouguer d'Protection civile op der Plaz, fir d’Fans mat Decken a waarmer Zopp ze versuergen.
16 Joer méi spéit ass de Concert vun Tokio Hotel e Mëttwoch den Owend nees ausverkaaft. E Mëttwoch den Owend dierften de Bill an den Tom Kaulitz zesumme mat hire Bandkolleegen also nees fir Begeeschterung bei hire Lëtzebuerger Fans suergen, an der Rockhal mat dobäi ass dann eventuell och de Superstar Heidi Klum.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗