Protester a Frankräich: Lëtzebuerger Studente maache sech Suergen
Zanter Woche ginn et a Frankräich Protestaktiounen. Och en Dënschdeg sinn nees Dausende Leit op d'Strooss gaangen. Nieft der Fonction publique mobiliséieren och weider Schüler a Studenten, déi ënner anerem besser Konditiounen am Bildungssystem fuerderen.
D'Protester hunn allerdéngs och Konsequenze fir de Studentenalldag. Op verschiddenen Universitéite gi Gebaier blockéiert, Coursë falen aus an Exame ginn ëmmer nees verréckelt. Och Lëtzebuerger Studenten zu Paräis, Stroossbuerg an Aix-en-Provence kréien dat ze spieren.
Verschiddener hunn zanter Woche kee regulären Unterrecht méi, anerer mussen d'Matière eleng doheem opschaffen oder ausgefalen Examen nohuelen.
Fir d'Fuerderunge vun de Manifestanten hu vill vun hinne Verständnis. Si kritiséieren awer, datt zouen Universitéiten an déi deels gewaltsam Ausernanersetzungen am Kader vun de Protester grad deene schueden, fir déi besser Studiekonditioune gefuerdert
内容来自 RTL - National,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗