Garer Quartier: Polizist vun alkoholiséiertem Mann an d'Gesiicht geschloen

Ronderëm d'Stater Gare hat d'Police nees e puer Mol ze dinn.

An der Nuecht op e Mëttwoch gouf d'Police géint 2:45 Auer wéinst engem staark alkoholiséierte Mann geruff, dee sech kaum nach op de Bee hale konnt.

De Mann hat sech virdrun onerlaabt Zougang zu gespaarten Quaien an der Gare verschaaft. Sécherheetsleit haten hien doropshi bis virun d'Gebai begleet. Wéi d'Police ukomm ass, huet sech d'Situatioun awer weider zougespëtzt.

De Mann huet sech ëmmer méi onkooperativ gewisen an huet am Laf vun der Policeinterventioun engem Beamten an d'Gesiicht geschloen. D'Polizisten hunn hien doropshin immobiliséiert. No enger medezinescher Kontroll koum hien an de Passagearrest. E Protokoll gouf erstallt.

Schonn en Dënschdeg den Owend war et an der Géigend vun der Stater Gare zu engem weidere Virfall komm.

Géint 19 Auer gouf der Police e presuméierten Déifstall vun engem Handy gemellt. En onbekannte Mann hat d'Affer ugepaakt a gestouss, éier hie sech duerch d'Bascht gemaach huet.

Eréischt kuerz drop huet d'Affer gemierkt, datt säin Handy verschwonne war.

D'Police huet e Protokoll erstallt an d'Ermëttlungen opgeholl.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

用 HomepageTab 新标签页关注 RSS,打开浏览器就能看到更新。

安装 HomepageTab