EU-Agrifood-Missioun a Mexiko: Nei Exportchancë fir europäesch Betriber
Eng 120 europäesch Betriber, dorënner fënnef aus Lëtzebuerg, sinn aktuell am Kader vun enger EU-Agrifood-Missioun a Mexiko ënnerwee. Ënnert der Leedung vum Lëtzebuerger EU-Agrarkommissär Christophe Hansen solle nei Geschäftskontakter geknäppt an d'Exportméiglechkeete fir europäesch Liewensmëttelproduzente verbessert ginn.
Mexiko ass mat ronn 130 Millioune Konsumenten en interessante Marché fir déi europäesch Liewensmëttelindustrie. Besonnesch och, well europäesch Produiten duerch déi historesch a kulturell Verbindunge mam Land ville Konsumente scho bekannt sinn. Bis ewell hunn awer héich Importtaxen den Zougang zum mexikanesche Marché erschwéiert.
Dat kéint sech mam moderniséierten Handelsaccord tëscht der EU a Mexiko änneren, op deen déi zwou Säite sech dëst Joer gëeenegt hunn. Duerch den Ofbau vun Handelsbarrièrë sollen europäesch Produzenten hir Wuere zukünfteg méi einfach a Mexiko exportéiere kënnen. Virun allem fir de Wäin- an de Mëllechsecteur kéinten sech doduerch nei Perspektiven opmaachen.
Visitt a Mexiko: Moiesiesse mam Komissär Hansen a Market Access Seminar (17.11.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Fir déi wirtschaftlech Méiglechkeeten um Terrain besser aschätzen ze kënnen, steet bei der Missioun nieft dem direkten Austausch mat mexikaneschen Importeuren an och d'Entdeckung vum lokale Marché um Programm. Bei engem Besuch op engem Maart a Mexiko City konnt sech de Christophe Hansen selwer e Bild vum Produitssortiment maachen.
Aus Lëtzebuerg si véier Betriber aus dem Wäinsecteur an een aus dem Mëllechsecteur mat op der Missioun. Fir si bitt dës d'Geleeënheet, nei Kontakter ze knäppen an hir Produiten op engem potenziell wuessende Marché ze positionéieren. Vu Lëtzebuerger Wënzer ginn et schonn éischt positiv Réckmeldungen.
Bis elo sinn d'USA de wichtegsten Handelspartner vu Mexiko. Virum Hannergrond vun der méi aggressiver US-Handelspolitik kéinte sech fir d'EU awer zousätzlech Méiglechkeeten erginn, hir wirtschaftlech Relatioune mat Mexiko auszebauen.
Den Agrifood-Summit ass nächst Woch Thema am Journal op der Tëlee.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗