D'LSC-Finaliste sti fest: Aus 80 Kandidaten an den Auditioune ginn 8 Finalisten
LSC 2027: Pairing Day - Finall (8.11.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
D'Finaliste vum Luxembourg Song Contest sti fest. 8 Artiste stinn am Januar op der Rockhal Bün an ee vun hinne wäert Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest zu Burgas representéieren.
Hugo One

Den Hugo One ass am LSC-Universum keen onbekannten Numm – schonn 2026 war hien ee vun de Finalisten vum Luxembourg Song Contest. Am Alter vu 6 Joer ass hien enger Chorale bäigetrueden, an zanterhier ass de Gesang e wichtegen Deel vu sengem Liewen.
Hien huet eng Ausbildung am klassesche Gesang a war schonn op ville Bünen ze gesinn, dorënner an der Philharmonie, am Atelier an op der Luxembourg Pride. Hien danzt och Hip-Hop a kann esouguer mat Talonen danzen. Den Hugo One probéiert sech gären a verschiddene Museksrichtungen aus: vu Soul iwwer Pop bis hin zu Diskomusek. Wann hien net op enger Bün steet, schafft hien am Eventberäich.
Jaya

Mat 20 Joer ass d'Jaya, déi jéngst vun de Kandidaten. Si ass an enger ganz musikalescher Famille opgewuess, an där jidderee séngt oder een Instrument spillt. Aktuell ass si nach am Lycée hei zu Lëtzebuerg. Wann si d'Geleeënheet kritt, op enger Bün ze stoen, hëlt si déi. Sief dat an engem Theaterstéck an der Schoul, engem Gesangsconcours op enger Croisière oder an engem Musical. Sangen ass hir grouss Passioun, donieft spillt si och nach Saxophone an Eufonium.
KIM

Zanter deem Lëtzebuerg nees um Luxembourg Song Contest dobäi ass, hat d'KIM Loscht matzemaachen an huet sech dëst Joer getraut. Musek begleet si schonn zanter deem déi jonk Musekerin denke kann. Och d'KIM ass an enger musikalescher Famille opgewuess. Op Familljefester gehéiere Gesang an Instrumenter dozou.
Hiren eegene Parcours fänkt ganz klassesch mam Solfège un, kuerz drop huet si Saxofon spille geléiert. Duerno entdeckt si ëmmer méi hir Passioun vum Sangen. D'KIM huet mat verschiddene Museksgruppen an hirer Géigend gespillt an ass an deem Kader och dacks viru Publikum opgetrueden. Aktuell ass si Deel vun der Lëtzebuerger Coverband 'Nemesys'. Zanter dräi Joer huet si och Solo-Optrëtter als Sängerin. Nieft hirer grousser Léift zur Musek, ass si Primairesschoulsjoffer am Norde vu Lëtzebuerg.
Debbie M

D'Debbie M ass an der Musekszeen keen onbekannten Numm. Zanter e puer Joer trëtt si mat verschiddenen Orchesteren hei zu Lëtzebuerg op. Esou och mat der Militärmusek an de Lëtzebuerger Philharmoniker, am Kader vun engem Projet, bei deem traditionell lëtzebuergesch Musek am Fokus stoung.
Si ass eng Artistin mat villen Talenter. Si spillt Klarinett, Trompett a Piano an huet 18 Joer laang klasseschen Danz an Jazzdanz gemaach. Als Sängerin ass d'Debbie M am Popberäich ënnerwee a schreift hir eege Lidder. Nieft hirer Aarbecht als Sängerin ënnerriicht si Däitsch, Lëtzebuergesch, Theater a Gesang.
Maya Maunet

D'Maya Maunet ass zu Toronto gebuer an huet jamaikanesch Originnen. Opgewuess ass si an Europa, Musek studéiert huet si op der York University zu Toronto. Mëttlerweil ass si als Kënschtlerin hei zu Lëtzebuerg aktiv. Hire Lien zu ville verschiddene Kulture spigelt sech och an hirer musikalescher Identitéit erëm.
Zanter 2018 trëtt si reegelméisseg op Lëtzebuerger Bünen op, ënner anerem um E-Lake, um On Stéitsch an op de Francofolies. Si huet och gutt Kontakter mat aneren Artisten. Esou huet si mam fréiere LSC-Finalist Joel Marques nach d'lescht Joer e Chrëschtdagslidd erausbruecht.
Layso Roy

Mat 16 Joer huet de Layso Roy d'Rapmusek fir sech entdeckt an seng éischt Freestylen geschriwwen. Am Kader vun diverse Schoulprojete konnt hien éischt Bünenerfarungen am Gesang an am Theater sammelen. Hien huet souwuel lëtzebuergesch wéi och franséisch a spuenesch Originnen. Dat beaflosst och seng Musek, an där hie sech gären a verschiddene Genren ausprobéiert, mat enger Virléift fir Trap a Reggaeton. Nieft senger Musek huet hien Flugingenieur studéiert a bilt sech aktuell weider, fir Konzepter fir Drone-Liichtshows ze entwéckelen.
Perrine Thomas

Mat dräi Joer huet d'Perrine Thomas ugefaangen, Gei ze spillen. Duerno huet si och hir Léift zum sangen entdeckt. Wärend si Commerce studéiert huet, huet si an engem Musical matgemaach. Eng Erfarung, déi hiert Liewen verännert huet. Doropshin huet si sech entscheet, fir sech komplett der Musek ze verschreiwen. Si huet zu Boston am Berklee College of Music Stëmm an Performance studéiert. Duerno huet si weiderhin Gesangscoursen geholl am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, wou si sech op Jazz spezialiséiert huet. Si ass engagéiert an e puer Projeten hei zu Lëtzebuerg, wéi dem Ensemble 'Altrimenti Jazz Band', der der Grupp 'Duke Box' an dem 'Sang a Klang'. Si trëtt och reegelméisseg a Clibb oder Festivallen op.
Patricia Venâncio

Mat Tëleesemissiounen konnt d'Patricia Venâncio scho mat 15 Joer éischt Erfarunge sammelen. Si ass bis an d'Final vun der RTL-Emissioun 'Wann s de eppes kanns' komm. Duerno huet si bei de Castingshowen 'The Voice Germany' an 'Keep Your Light Shining' matgemaach. Duerno huet si och hir éischt EP erausbruecht an ass op verschiddene Bünen zu Lëtzebuerg an an Däitschland opgetrueden. Et ass dunn eng Zäit méi roueg an hirer Musekskarriär ginn, wéi si sech op hire Studium an hir Karriär als Project Managerin am Jugendberäich konzentréiert huet. De Wonsch ze sangen, huet si awer ni lassgelooss. Si séngt op Hochzäiten an Eventer an deelt och hire Gesang op Social Media. Mat der Participatioun um Luxembourg Song Contest kënnt si elo nees zréck op déi grouss Bün.
De Selektiounsprozess
Mat ronn 80 Kandidaten ass et am September mat den éischten Auditioune lassgaangen. D'Artiste konnte sech mat eegene Lidder oder Coverversioune presentéieren. An där éischter Ronn goung et an der Haaptsaach ëm de Gesang, déi musikalesch Identitéit an den Optrëtt op der Bün. 12 Kandidaten hunn sech duerchgesat an et an déi zweet Ronn vum Selektiounsprozess gepackt: déi sougenannt Pairing Workshops.
LSC 2027: Pairing Day - Day 1 (7.11.26)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Parallel zur Umeldung als Kandidat konnten nämlech och Lidder agereecht ginn. An esou sinn 800 Lidder erakomm. Aus dëse Propositiounen huet eng zweet Jury eng Selektioun getraff. Am Pairing Workshop sinn dunn déi ausgewielte Kandidaten op déi ausgewielte Lidder getraff. All Kandidat krut dräi Lidder virbereet a konnt dës wärend engem Weekend an der Rockhal virun enger weiderer Jury presentéieren.
"Dat heescht, mir hu gëschter de ganzen Dag hei ausprobéiert, wéi ee Lidd bei wéi engem Kandidat géif passen. Dat war ganz spannend ze gesinn, wien zu wéi engem Lidd eng gutt Relatioun huet. An haut hu si dat dann all virun der ganzer Jury an der Produktiounsfirma gesongen, well dat gehéiert jo alles zesummen. Et geet jo dorëms, eng gutt Show opzebauen“, beschreift d'Elisabeth Conter, Project Managerin vum Eurovision Luxembourg, de Prozess.
An der Jury souzen nieft Leit aus dem ESC-Universum, wéi der Kaleen, der Sängerin, déi Éisträich 2024 um ESC vertrueden huet, an der Karin Gunnarsson, déi den nationale Museksconcours Melodifestivalen a Schweden produzéiert, och Membere vun der Produktiounsfirma Dietmann Productions, déi de Luxembourg Song Contest 2027 produzéiere wäert.
Um Enn hunn aacht Kandidate besonnesch ervirgestach. Si sinn déi aacht, déi et aus den ursprénglech 80 Kandidaten an d'Finalronn gepackt hunn. Den 30. Januar wäerte si an der Rockhal um Luxembourg Song Contest 2027 untrieden. Ee vun hinne wäert Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest zu Burgas representéieren.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗