Alliéierte vum Eisenkot: Matan Kahana zum israeelesche Parlamentspresident gewielt ginn

An Israel hunn déi neigewielt Deputéiert de Matan Kahana als neie President vum Parlament gewielt. De Vertraute vum Gadi Eisenkot kéint schonn e Mëttwoch domat ufänken, een Deel vun de geplangte Gesetzer vum aktuelle Regierungschef Benjamin Netanjahu ze stoppen.
De Matan Kahana gouf en Dënschdeg den Owend mat 66 Jo-Stëmmen an d'Amt gewielt. De Kandidat vum aktuelle Regierungschef Netanjahu, den Ofir Katz, huet nëmmen 52 Stëmme kritt.
Als Parlamentspresident trëtt de Kahana d'Nofolleg vum Amir Ohana un, engem Alliéierte vum Netanjahu, deen dëst Amt zanter 2022 hat. Hie wëll Knesset-President "fir jidderee sinn, onofhängeg vun der Originn, der Relioun oder dem Geschlecht", sot de Kahana a senger Ried no der Wal.
Den Eisenkot huet dem 54 Joer ale Kahana fir seng Victoire gratuléiert a vun engem "neie Kapitel" geschwat. D'Likud-Partei vum Netanjahu dogéint huet op X vun enger "éiweger Schan" geschriwwen, well e Knesset-President duerch d'Stëmme vun arabeschen Deputéierte gewielt gi wier.
Den Netanjahu hat schonn am Walkampf déi israeelesch-arabesch Parteie staark ugegraff. Nodeems déi zwou arabesch Parteie Raam a Vereenegt Lëscht bei der Wal de 27. Oktober esou gutt ofgeschnidden haten, haten den Netanjahu a seng Partei Attacke géint dës Parteien nach verstäerkt. Déi zwou israeelesch-arabesch Parteien hate schonn no der Wal hir Ënnerstëtzung fir den Eisenkot signaliséiert - bei der Wal vum Kahana hunn hir Deputéiert dem Oppositiounsblock elo eng däitlech Majoritéit ginn.
D'Ofstëmmung iwwer de Parlamentspresident gëllt als éischte politesche Succès no der Parlamentswal Enn Oktober. Weder dat rietsreliéist Lager vum Netanjahu nach d'Koalitioun vum Mëtt-Rietse-Politiker Eisenkot haten dobäi eng eegestänneg Majoritéit kritt. D'Koalitioun vum Eisenkot huet 48 Sëtz kritt, wärend dem Netanjahu seng Unioun 53 Sëtz krut. Déi arabesch Parteie si mat 19 Deputéiert am Knesset vertrueden - esou vill wéi nach ni.
内容来自 RTL,版权归原作者所有。
阅读原文 ↗