Bei NSA an Apple: Nei IT-Problemer an den USA

An den USA gouf et nees eng Rei technesch Problemer. No de rezente Stéierunge bei Microsoft an am amerikanesche Fluchverkéier waren elo och Apple an den US-Geheimdéngscht NSA betraff.

Bei Apple war de Museksdéngscht an den App Store zäitweis net richteg erreechbar. D'Ursaach soll en internen Update gewiescht sinn.

Bei der NSA ass en héichgeheime Kommunikatiounsreseau ausgefall. Dem Geheimdéngscht no koum et bei geplangte Maintenance-Aarbechten zu technesche Problemer. Déi wichtegst Sécherheetssystemer wieren awer weider funktionell gewiescht.

Den US-Ausseminister Marco Rubio huet e Mëttwoch probéiert, d'Bevëlkerung ze berouegen. Et géif keng Indicen dofir ginn, datt déi verschidden IT-Pannen zesummenhänken. Et géif och näisch op Cyberattacken oder d'Bedeelegung vun auslänneschen Acteuren hindeiten.

Déi amerikanesch Bevëlkerung misst sech deemno keng Suerge maachen.

D'Demokraten am Kongress fuerdere mëttlerweil Erklärunge vun der Trump-Regierung iwwer déi vill technesch Ausfäll.

En Dënschdeg waren ausserdeem d'Internetsäite vun der BBC, Ikea an Air France vu Cyberattacke betraff. Insgesamt sollen Hacker bal 180 Websäiten ugegraff hunn. Dobäi hu si versicht, Kaartendonnéeën a Kryptowärungen ze klauen an Apple-Geräter mat Bedruchssoftwaren ze infizéieren.

D'Attacke sollen iwwer e manipuléierte Code vun der Plattform Optimizely gelaf sinn. D'Entreprise huet matgedeelt, datt d'Sécherheetslacune mëttlerweil zougemaach an de schiedleche Code ewechgeholl gi wier.

Dës Cyberattacke sinn net automatesch mat den IT-Ausfäll bei Microsoft, Apple an der NSA a Verbindung ze bréngen.

内容来自 RTL,版权归原作者所有。

阅读原文 ↗

把喜欢的内容,留在你的新标签页。

打开我的订阅